Green Days

Zesumme fir eng gréng Zukunft: D’Green Days hunn d'Schüler sensibiliséiert an inspiréiert, sech aktiv fir Ëmwelt, Déieren an nohaltege Konsum anzesetzen.

Fir eise Schüler/innen d’Thematik vun der Nohaltegkeet méi no ze bréngen, huet den MLGreen Ëmweltgrupp vum Maacher Lycée den 23. an 24. Mäerz op e neits d’Green-Days fir all eis 4ièmen organiséiert.

23.-24.03.2026

10 Klassen hunn déi zwee Deeg u verschidde Workshops zum Thema Ëmweltschutz, nohaltege Konsum an Déiereschutz Deel geholl.

1
8

Nieft dem MLGreen selwer hunn och 13 verschidden Associatioune gehollef eis Green-Days ze gestalten: Fairtrade, HUT, Restopolis, Sea Shepherd, SIDEST, MOVE, Fondation Partage Luxembourg, Youth4planet, SIGRE, Oekozenter, ASTM, an d’Déierenasyl Gasperech.

Mir soen eisen Intervanten op dëser Platz och nach eng kéier Merci fir hier Ënnerstetzung an wertvoll Arbescht.