Mell dech fir de Schülercomité!

Be the hero of your own school! 🦸 De Maacher Lycée sicht engagéiert Schülerinnen a Schüler fir den neie Schülercomité! Mellt iech nach bis de 15. Oktober 2026 beim SEAP un a bréngt är Iddien an!

Affiche Schülercomité Kandidaten 2026-2028.TV

Léif Schülerinnen a Schüler aus dem Maacher Lycée,
 
All zwee Joer gëtt e Schülercomité gewielt, an 2026 ass et nees esou wäit.

D’Membere vum Comité vertrieden all Schüler aus dem Maacher Lycée a bréngen d’Interessen, d’Iddien, d’Wënsch oder d’Suerge vun de Schüler an de wichtege Vertriedungs- an Entscheedungsgremie mat an (z.B. am Conseil d’éducation).
 
Wanns du Loscht hues zesummen ze diskutéieren, ze verhandelen oder mat ofzestëmmen a sou däin Engagement ze weisen, da mell dech bis de 15. Oktober um 14:00 Auer an dengem SEAP.
 
D’Equipe vum SEAP steet iech och fir all Froen zur Verfügung.