MLG @ Relais pour la Vie

Zesumme fir Hoffnung: Mat vill Engagement huet eis Ekipp beim Relais pour la Vie Solidaritéit gewisen an e wichtege Bäitrag am Kampf géint Kriibs geleescht.

MLG-Equipe beim Relais pour la Vie: Solidaritéit a Beweegung fir e gudden Zweck

22.03.2026

Eng Ekipp vu Mataarbechter aus dem MLG huet dëst Joer als Equipe connectée um Relais pour la Vie deelgeholl, fir hir Solidaritéit mat Kriibspatienten ze weisen. Et huet sech och eng kleng Grupp zesummefonnt, déi zesumme spadséiere gaangen ass.

De Relais pour la Vie, organiséiert vun der Fondation Cancer Luxembourg, ass en 24-Stonnen-Event, bei deem symbolesch Beweegung gesammelt gëtt. D’Zil ass et, Spenden ze sammelen, d’Leit fir Präventioun ze sensibiliséieren an Hoffnung ze vermëttelen.

Eis Ekipp huet d’Zil souguer iwwerschratt: amplaz vun de geplangte 24 Stonnen hu mir zesumme 46 Stonnen u Beweegung gesammelt. Dobäi koumen och 1.365 Euro u Spenden zesummen, déi un d’Fondation Cancer gaange sinn.

E grousse Merci un all déi, déi matgemaach a gespent hunn – zesumme konnte mir e staarkt Zeeche vu Solidaritéit setzen! 

Foto 1
Spenden