Workshop: Sensibiliséierung zum Thema Alter mam GERO – Kompetenzzenter fir den Alter

Wéi fillt et sech un, méi al ze ginn? Beim Workshop mam GERO konnten eis Schülerinnen a Schüler mam AgeMan-Kostüm selwer erliewen, wéi den Alter den Alldag beaflosse kann.

E Mëttwoch, de 7. Oktober 2026, war GERO – Kompetenzzenter fir den Alter am Maacher Lycée op Besuch.


D’Referentinnen Dr Elsa Pirenne a Belkiss Delgado hunn zesumme mat de Klassen DP1IC, DP2ED, CC2SF a B2AMA verschidde Workshops ronderëm d’Thema Alter duerchgefouert.


Besonnesch spannend war d’Ausprobéiere vum AgeMan-Kostüm. D’Schülerinnen an d’Schüler konnten esou selwer erliewen, wéi altersbedéngt Verännerungen sech op d’Beweeglechkeet, d’Wahrnehmung an alldeeglech Situatiounen auswierke kënnen.

IMG_3117_2
IMG_3127 2

Mir hunn och dat interkulturellt Spill „Kultura“ kennegeléiert. Ausserdeem konnten d’Schülerinnen an d’Schüler ausprobéieren, wéi d’Siicht am Alter beanträchtegt ka sinn a wéi et sech ufillt, manner gutt ze héieren.


Et war en ofwiesslungsräichen an erliefnisräiche Moien, deen net nëmmen Informatiounen an Andréck vermëttelt huet, mee virun allem dozou bäigedroen huet, méi Verständnis an Empathie fir eeler Leit z’entwéckelen.


Villmools Merci un GERO an un d’Referentinnen Dr Elsa Pirenne a Belkiss Delgado fir dëse spannenden a wäertvolle Workshop!