Bronze fir d'Drauwesuckler! 🥉 Eis EduStart-Up huet Lëtzebuerg bei de You(th)Start European Entrepreneurship Awards an Nordmazedonie vertrueden a kënnt mat enger Bronze Medail heem!
D’EduStart-Up Drauwesuckler aus dem Maacher Lycée huet, zesumme mat der Mini-Entreprise Pawzz aus dem LAM, Lëtzebuerg op de You(th)Start European Entrepreneurship Awards zu Skopje an Nordmazedonie vertrueden.
Op enger Marketfair hunn d’Alexandra, d’Polly an d’Sarah hiere Kamelle konnte virstellen a virun engem internationale Jury hunn si hire Projet duerfe pitchen. Donieft stoungen och Workshops, eng Visitt vun der Alstad an e mazedoneschen Danzowend um Programm. D’Drauwesuckler komme mat villen Erënnerungen, neien Erfarungen an enger Bronze Medail zréck op Lëtzebuerg.



