Let’s talk about entrepreneurship and finance

Ready for your future? Vun Aktien a Kreditter bis zum eegene Betrib – den Event „Let's talk about entrepreneurship and finance“ huet d'Schüler op spannend Aart a Weis op hir berufflech an finanziell Zukunft virbereet.

Let’s talk about entrepreneurship an finance
MLG

D’SchülerInnen vun de Klasse 4C1, 4C2, 4GSO1, 4GSO2, 3CB, 3CC, 3CD, 3CG, 3CLB an 3TPCM hunn de 6. Juli 2026 um Event „Let’s talk about entrepreneurship and finance“ am Kulturzentrum Machera deel geholl. Dësen Event gouf vun dem Caroline Haas an dem Martina Prosperi,  Ekonomie’s Enseignanten aus dem Maacher Lycée, organiséiert.

Den Event ass d’Suite vun enger Réi Projete ronderëm dem Sujet Entreprenariat a Finanze wou am Joer 2025/2026 organiséiert goufen an och déi nächst Jore solle weidergefeiert an ausgebaut ginn.

Ziel ass et de SchülerInnen d’Thema vum Entreprenariat a Finanze méi no ze bréngen an si ze motivéieren zukünfteg eventuell selwer de Wee an d’Onofhängegkeet als Entrepreneur ze woen.

No enger kuerzer Begréissung duerch de Mike Moro, Sous-Direkter vum Maacher Lycée, goung et lass matt enger Präsentatioun vum Lola Valerius – Chocolatier du Luxembourg (https://lolavalerius.com/). D’Lola huet de SchülerInnen ee flotten Abléck a säin Betrib ginn, d’Virdeeler awer och d’Challenger vun der Onofhängegkeet erkläert an de SchülerInnen Tipps zu hirem spéideren Choix wat d’Orientatioun ubelaangt matt op de Wee ginn.

Let’s talk about entrepreneurship an finance
MLG
Let’s talk about entrepreneurship an finance
MLG

Weider goung et matt 4 flotten Atelieren. Den 1. Atelier gouf vum Patrick Malget geleet (www.taxx.lu, www.salary.lu). An dësem Atelier sinn d’Paiziedelen an d’Steiererklärung thematiséiert ginn. Am 2. Atelier kruten d’SchülerInnen vum Max Glesener een Abléck an d’Bourse (Aktien an Obligatiounen). Am 3. Atelier, dee vum Jerôme Krecké gefouert gouf, waren d’Kreditter um Programm. De Max Glesener an de Jerôme Krecké schaffen alle beid bei der Spuerkees (www.bcee.lu). Deen 4. Atelier gouf vum Dan Tana, Foyer – agence Kettel Tana (https://www.foyer.lu/fr/agents-assurance/kettel-tana), geleed an haat d’Assurancen als Schweierpunkt.   

Zum Ofschloss war nach Quiztime ugesoot. D’Schüler goufen an 8 Gruppen opgedeelt an hunn missen op 20 Froen zu den Themen vum “Let’s talk about entrepreneurship and finance” äntweren. Déi 3 beschte Gruppe kruten ee Preis. Des Preiser goufe gesponsert vum Lola Valerius – chocolatier du Luxembourg, dem Maacher Lycée souwéi dem Jean Junck, eisem externen Expert, deen ebenfalls den Event moderéiert huet.

De Christophe Zender, attaché à la direction, huet des Editioun kloturéiert.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Eventer wou am Kader vun den „Sustainable Entrepreneurial Schools“ an dem „Financial Literacy Label“ 2026/2027 um Programm stinn.