Kreativitéit, déi iwwerzeegt: De Projet VFLORA huet mat selwergemaachte Blummen de Public eruewert an e verdéngte Präis mat op Maacher bruecht.
Projet „My first enterprise“ – VFLORA gewënnt de “Public Choice Award”
14.03.2026
De 14. März huet d’VFLORA, ee vun den „My first enterprise“ Projeten vun der 4GSO1 aus dem Maacher Lycée, un der vente en commun nationale vun der JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg) an der Cloche d’Or deel geholl. Déi 5 Meedercher vun VFLORA hunn vun 9h00 bis 17h00 um Golden Squqre selwergemaachte Blummen a Blummebouqueten aus „Pfeifenputzer“ verkaaf.
De Projet huet de Clienten sou gudd gefall, dass si den « Public Choice Award » gewonnen hunn. Mir sinn immens houfreg déi eischte Keier dëse Preis matt op Maacher kenen ze huelen.
Fir all déi wou nach ee flotte Bouquet kaafen wellen : VFLORA wärt och op eiser Porte Ouverte de 25. Abrëll vun 9h00 bis 13h00 présent sinn.



