Atelier 2 en 1 am Maacher Lycée

Entrepreneuriat hautno erliewen: Beim Atelier 2 an 1 kruten d'Schüler spannend Ablécker an d’lëtzebuergesch Wirtschaft an inspiréierend Erfarunge vu richtegen Entrepreneuren.

23.03.2026

Den 23. Mäerz huet d’Cellule d’orientation (CELLO) vum Maacher Lycée, als „Sustainable Entrepreneurial School“, den Atelier 2 an 1 fir all seng 3e-Klassen (ESC, ESG a Formation professionnelle) organiséiert.

D’Madamm Jill Brimaire, Ekonomistin bei der Chambre de Commerce, ass an de Festsall vum Lycée komm an huet den éischte Volet „L’économie luxembourgeoise – Did you know?“ presentéiert. Uschléissend huet den Här Jacques Schreiner, Client Service Advisor bei der House of Entrepreneurship, de Volet „L’Entrepreneuriat – Ready for business?“ iwwerholl.

Image (84)
Image (79)

Den Här Alexander J. Claro, Co-Founder vu Salonkee, war och dobäi als „Entrepreneur-témoin“ a huet säi Wee vun enger Entreprise mat fënnef Mataarbechter zu enger Entreprise mat 280 Mataarbechter geschëldert. Hien huet sech och Zäit geholl, fir de Schüler*innen all hir Froen zum Thema Entrepreneuriat ze beäntweren.

D’Zil war et, de Schüler*innen déi lëtzebuergesch Wirtschaft méi no ze bréngen an hinnen eng Iddi dovun ze ginn, wat en Entrepreneur ass, wéi een Entrepreneur ka ginn, an si eventuell ze motivéieren, spéider selwer de Schratt an d’Onofhängegkeet ze woen.

Zudeem war d’Madamm Isabelle Conotte vum Service Presse et Communication vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend op der Plaz. Am Kader vum Podcast „Edutalk“ huet si flott Andréck vum Atelier 2 an 1 opgeholl, souwéi eng Rei Interviewen am Zesummenhang mat der Orientatioun gefouert.