Vu Schüler fir Schüler: Mat kreative Workshops hunn eis DP3ED-Schüler spannend Ablécker an d’Formatioune „Agent socio-pédagogique“ an „Agent d’inclusion“ ginn.
13.05.2026
Den 13. Mee hunn eis Schüler vun der DP3ED eng ganz Rei flott Workshops op d’Been gestallt fir d’Formatiounen “Agent socio-pédagogique” an “Agent d’inclusion” virzestellen. Dës Workshops goufen zesumme mat den Enseignanten an der Cellule d’Orientation (CellO) am Kader vun der Orientatioun op eise 5e Klassen organiséiert.

Interesséiert 5e Schüler haten dobäi d’Méiglechkeet, wärend de Workshops Ablécker an déi zwou Formatiounen esou wéi an den Inhalt vun de verschiddene Fächer ze kréien.
Mir soen eise Schüler villmools Merci fir hiert grousst Engagement a hoffen, datt eis 5e Schüler duerch dës Workshops wäertvoll Andréck a vill nei Informatioune fir hir zukünfteg Orientatioun mat op de Wee kruten.

