Journée découverte LTA

En Abléck an nei Perspektiven: D’“Journée découverte” am LTA huet de Schüler spannend Méiglechkeeten an der landwirtschaftlecher Ausbildung gewisen.

29.04.2026

Am Kader vun der Orientatioun huet d’Cellule d’Orientation et d’Intégration scolaires (CELLO) den 29. Abrëll eng Visite vum LTA (Lycée Technique Agricole) zu Gilsdref fir interesséiert Schüler organiséiert. Dobäi konnte si wärend der “Journée découverte LTA” déi verschidde Formatiounen, déi am LTA ugebuede ginn, a Form vun Atelieren erliewen. Mir soen dem LTA villmools Merci fir dësen flotten an sécherlech informativen Dag fir eis Schüler.

Image (43)