Schüler orientéiere Schüler um ESG

Orientatioun mat richtegen Erfarungen: Eis Schüler hunn hir Sektiounen op eng lieweg a praktesch Aart presentéiert an dobäi wäertvoll Tipps gedeelt.

21.04.2026

De 4. Mee huet d’Cellule d’Orientation et d’Intégration scolaires (CELLO) zesumme mat eise Schüler vun de verschiddene Sektiounen, déi am Maacher Lycée ugebuede ginn, “Schüler orientéiere Schüler um ESG” organiséiert. An engem flotten Échange kruten eis 5G-Schüler erkläert, wat wichteg ass, fir de Choix vun enger Sektioun ze treffen a wat déi perséinlech Erfarunge vun de Schüler op de jeeweilege Sektioune sinn.

IMG_8575
IMG_6327

Zousätzlech hunn d’Schüler vun de Sektiounen Material, Videoen a Fotoe vun pädagogeschen Aktivitéiten an prakteschen Aarbechten, déi si am Kader vun hirer jeeweileger Spezialisatioun gemaach hunn, matbruecht.

Och goufen eis nei Sektioun „Administrative et Commerciale“ um ESG, souwéi den DT an der „Mécanique Générale“, virgestallt.

Mir soen alle Schüler, déi dobäi waren, a besonnesch eise Schüler vun de Sektiounen villmools Merci fir hiert Engagement.