Visitt ENSA

En Abléck an d’Gesondheetsberuffer: Bei der Visitt vun der ENSA konnten d'Schüler net nëmmen d’Formatiounen entdecken, mee och selwer praktesch Erfahrungen sammelen.

13.01.2026

Am Kader vun der Orientatioun haten interesséiert Schüler vun de Sektioune PS an SN den 13. Januar d’Méiglechkeet, un enger Visite vun der ENSA (École Nationale de Santé du Luxembourg) deelzehuelen. No enger Féierung duerch d’Gebai goufen hinnen d’Sektiounen SI (Sciences de l’Infirmier en soins généraux) an SH (Sciences de la Santé) virgestallt. Donieft konnten d’Schüler och selwer aktiv ginn a bei enger praktescher Unitéit matmaachen.

Image (27)