Beweegung, Austausch a Wuelbefannen: Am Erasmus+-Projet „Move to Happiness“ hunn d'Schüler eng intensiv Woch voller Erfarungen, interkulturellem Austausch a perséinlecher Entwécklung erlieft.
07.12.2025
Am Kader vum Erasmus+-Projet hunn sech zéng Schülerinnen a Schüler aus Sizilie mat néng Schülerinnen a Schüler vum MLG getraff, fir zesummen um Wellbeing-Projet „Move to Happiness“ ze schaffen. D’Participanten hunn eng Woch zesumme verbruecht a vill verschidden Aktivitéiten ënnerholl.


Um Programm stoungen ënner anerem Visitte vu Lëtzebuerg, Schengen a Tréier, souwéi e Besuch am europäesche Parlament, deen de Schülerinnen a Schüler en Abléck an d’europäesch Politik ginn huet. Zousätzlech hunn si Yoga- an Entspanungstechnike kennegeléiert. Och e Workshop zum Thema Akzeptanz an Interkulturalitéit gouf ugebueden.
Déi italieenesch Schülerinnen a Schüler goufen häerzlech vun hire lëtzebuergeschen Austauschpartneren an hire Familljen empfaangen. Wärend der ganzer Woch hunn si intensiv um Thema Wellbeing geschafft an en Donneschdeg d’Resultater vun hirer Aarbecht presentéiert.
No dëser erliefnisräicher Woch freeën sech eis Schülerinnen a Schüler drop, am Laf vum Schouljoer no Italien ze reesen.

