Fromburg/Schoulgaart (DP1ED)

Léieren, planzen, wuessen: De Projet „Wurzelwierk“ huet d'Schüler fir nohalteg Landwirtschaft sensibiliséiert an de Schoulgaart e Stéck méi gréng gemaach.

D’Klass DP1ED war um Fromburger Haff ënnerwee an huet zesumme mat der Ëmweltberodung Lëtzebuerg am Kader vum Projet „Wurzelwierk” méi iwwer nohalteg a solidaresch Landwirtschaft geléiert. 🌱🤝🌍

Nieft ville spannenden Ablécker hunn d’Schüler*inne och Jongplanzen akaaf, déi elo eise Schoulgaart am Maacher Lycée beräicheren. 🪴

12d24df5-9a45-4a37-a8a2-a2534a864b36
047d734d-4bc0-4606-9cd0-f5363e337fe4

Merci un de Fromburger Haff an d’Ëmweltberodung Lëtzebuerg fir dësen inspiréierenden Dag!

#MaacherLycée #Wurzelwierk #Nohaltegkeet #Solidaritéit #Schoulgaart