Entrepreneuriat live um Chrëschtmaart: Eis Schüler hunn hir eege Produkter mat vill Kreativitéit entwéckelt an um Maacher Maart mat Erfolleg verkaaft.
Projet « My first enterprise » a „Mini-entreprise“ – Verkaaf um Maacher Chrëstmoart
13.-14.12.2025
De 13. a 14. Dezember hu oofwiersselend béid 4GSO Klasse („My first enterprise“) souwéi 2 Gruppen vun eiser 2C Klass („Mini-entreprise“) um traditionelle Chrëstmoart zu Maacher deel geholl.
An hirem Chalet op der kleener Moartplqz goufen ënnert anerem Leckerlie fir Déieren, Smoothien, Schokoelasläffelen fir Schocki ze maachen, recycléierbar Verpackungen, Wafelen, Powerriegel, selwergemaachte Blummen aus Pfeifenputzer, selwergemaachte Bijouen a Booster aus Friichten verkaaf.










