Paräis entdecken: Tëscht Kultur, Geschicht a bekannte Monumenter huet d’3GSO1 déi franséisch Haaptstad aus ganz verschiddene Perspektive kenneléiert.
D’Klass 3GSO1 huet dräi Deeg zu Paräis verbruecht an dobäi vill verschidde Säite vun der franséischer Haaptstad entdeckt.
Nieft ville Spadséiergäng duerch verschidde Quartiere stoungen ënner anerem den Atelier des Lumières, den Eiffeltuerm, d’Sacré-Cœur an de Quartier Montmartre um Programm.


Weider Aktivitéite waren de Besuch vum Schlass vu Versailles, vun de Katakombe vu Paräis souwéi vill aner Entdeckungen an Erfarungen an der Stad.
Déi dräi Deeg hunn de Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet ginn, Paräis aus verschiddene Perspektiven kennenzeléieren an dat Geléiert aus dem Geschichtsunterrecht mat konkreten Andréck ze verbannen.













