Vun der Geschicht an d’Praxis: D’Sendestation zu Jonglënster huet d'Schüler mat faszinéierenden Ablécker an d’Welt vum Radio an der Antennetechnik begeeschtert.
29.10.2025
DC1ET, DC2ET, DC3ET
D’Klassen vun der Electro-Technologies vum Maacher Lycée hu mat hirem Enseignant den 29.Oktober d’Sendestation vu Jonglënster besicht. Den Eugéne Muller huet selwer Joerzéngten um Site zu Jonglënster geschafft a kennt d’Anlag besser wéi seng eegen Täsch. Mir hu mat him eng Rees duerch déi lëtzebuergesch Rundfunkgeschicht zu Jonglënster gemaach an hu geléiert, wéi eng relevant Roll Lëtzebuerg an dem europäesche Rundfunk gespillt huet. Mir kruten erkläert, dass vu Jonglënster aus de Radio iwwert Ultrakurzwellen, Kurzwellen, Mittelwellen an Langwellen iwwerdroe gouf. Iwwert Langwellen konnt bis 2023 den Radio Luxembourg a groussen Deeler vun Europa gelauschtert ginn. Aus Energiekäschte misst e leider ofgeschalt ginn.


Och wann de Langwellensender net méi a Betrib ass, hu mer geléiert, dass de Site zu Jonglënster nach net wech ze denken ass an nach ëmmer eng prägend Roll am nationalen sou wéi internationale Rundfunk ass. Weiderhi sinn eng sellechten Antennen zu Jonglënster aktiv an suergen dofir, dass weltwäit d’Mënschheet vu Radio, Fernseh an Internet profitéiere kann. Dono kruten mir eng gross Unzuel vun ënnerschiddlechen Antennentypen mat hiren Eegenschafte gewisen, déi ee soss am Alldag net zu gesi kritt. Hei konnte mer den theoreteschen Deel vun der Telekommunikatioun praktesch erliewen an kenne léieren. Am Numm vun de Schüler an dem Enseignant vum Maacher Lycée soe mer dem Eugéne Muller an dem BCE villmools Merci fir en Abléck an de Rundfunk zu Lëtzebuerg krut ze hunn, dat war definitiv e léierräicht an eemolegt Erliefnes.

