Casino Luxembourg

Konscht, déi ënner d’Haut geet: Bei der Ausstellung „Theatre of cruelty“ hunn d'Schüler:innen net nëmmen intensiv Andréck gesammelt, mee dës och an engem kreative Atelier selwer zum Ausdrock bruecht.

Expo Theatre of Cruelty + Atelier créatif

28.01.2026

D’Schülerinnen an d’Schüler aus der Klass 5P1 hunn, zesumme mat hirer Régente Laschette Brigitte
an dem Danielle Ewen, d’Ausstellung „Theatre of cruelty“ am Casino Luxembourg besicht.
D’Ausstellung baséiert op der Theatervisioun vum Antonin Artaud, deen den Theater als eng direkt a
sënnlech Erfarung verstanen huet. Sou ginn d’Visiteure vun der Expo souwuel mat Biller a Skulpturen,
mee och mat Musek, vill Emotiounen a Froen iwwert d’mënschlecht Verhale konfrontéiert, déi vill
Plaz fir Diskussiounen an en Austausch loossen.

4
1

Am Uschloss zu der Visitt hunn d’Schülerinnen an d‘Schüler nach un engem kreativen Atelier
deelgeholl. Hei kruten si d’Méiglechkeet, hir Andréck an Emotiounen op eng artistesch Aart a Weis
auszedrécken. Si hunn an dësem Atelier Masken hiergestallt, déi verschidde Gefiller ausgedréckt
hunn.
Duerch d’Kombinatioun vun der Ausstellung an dem kreativen Atelier konnten d’Schülerinnen an
d‘Schüler net nëmmen d’Konscht besser verstoen, mee och hir eege Gefiller reflektéieren a kreativ
ëmsetzen.
Mir soen dem Personal aus dem Casino Luxembourg villmols Merci fir déi spannend Visitt an de flotten Atelier.