Drockereimusée

Vun der Press op de Pabeier: Eng spannend Visitt guidée an e kreativen Atelier hunn den Enseignanten d’Konscht vum traditionelle Buchdrock méi no bruecht.

05.06.2026

E Freideg, de 5. Juni hat eng Délégatioun Enseignantë vum Maacher Lycée eng flott Visitt guidée vum Maacher Drockereimusée.
An engem historesche Costume huet de sympathesche Guide ons interessant Informatiounen iwwer d’Entstoe vum Buchdrock erzielt.
Duerno si mer méi technesch Detailer iwwer di verschidde Modeller vun Drockpresse gewuer ginn an zum Ofschloss konnte mer nach selwer en Drock an engem Atelier kreéieren.

1