Beweegung a Balance: Beim Good Food Loop hunn d'Schüler mat vill Energie nei Aktivitéiten entdeckt an en Dag voller Sport a Wellbeing erlieft.
D’7P2 aus dem Maacher Lycée war zu Jonglënster um Good Food Loop vum SNJ!
01.02.2026
D’Schülerinnen a Schüler an hir Enseignanten konnte verschidden Atelieren ausprobéiren an dobäi vill Neies entdecken. Um Programm stoungen: – e Kichenatelier, – Yoga, – Fitness, – Skateboard a Breakdance. D’Schüler an Enseignanten ware mat vill Energie dobäi an hunn den Dag richteg genoss. Eng gelongen Aktivitéit, déi Beweegung, mental Gesondheet an Zesummenhalt mateneen verbënd!




