Léieren mat Humor: Beim gemeinsame Kinobesuch hunn d'Schüler duerch de Film „Ganzer halber Bruder“ op eng witzeg an nodenklech Aart wichteg Ablécker an Inklusioun a respektvollen Ëmgang kritt.
04.-05.02.2026
De 4. an 5. Februar 2026 sinn d’ DP3ED1 an d’DP3ED2 aus dem Maacher Lycée mat hiren Enseignanten zum Oofschloss vum Semester op Maacher an de Kino gaangen.
Gewise gouf de Film » Ganzer halber Bruder », deen thematesch gutt an de Schoulprogramm vum Fach HANBE ( Aarbecht mat Kanner mat Beeinträchtegung) passt.
De Film huet de Schüler wichteg Ablécker an e respektvollen Ëmgang mat Mënsche mat Beeinträchegungen ginn a Sensibilität souwéi inklusivt Denken gefördert.
Op eng witzeg Art a Weis konnten d’Schüler vill Léierimpulser aus dësem Kinobesuch mathuelen.
Anengems gouf den Teamgeescht vun eise Klassen gefördert andeems mir e flotten ausserschoulesche Moment erliewe konnten.
E Merci un de Maacher Kulturhuef fir dësen exclusiven Moment, an un eis Direktioun, déi eis Sortie ënnerstëtzt huet.
