Ökologie live erliewen: Op Texel hunn d'Schüler faszinéierend Ökosystemer entdeckt an d’Naturwëssenschaften direkt um Terrain erfuerscht.
04.05.2026
An der Woch vum 4. bis den 8. Mee waren d’Klassen 3CC, 3GSN, 2CC an 2GSN op Texel op e Stage écologique. Den Ausfluch war Deel vum Léierprogramm vun dëse Klasse mam Schwéierpunkt Naturwëssenschaften. Ziel war et d’Ökologie um Terrain kennen ze léieren.
Mat der Ënnerstëtzung vu Lokalguiden hunn d’Schülerinnen an d’Schüler verschidden Ökosystemer, souwéi hir Déieren- a Planzewelt, entdeckt an dobäi och den Impakt vum Mënsch op d’Insel Texel besser verstanen. Ausserdeem hunn si den Naturmusée Ecomare besicht a konnten do Robben an hirem natierleche Liewensraum observéieren.

Nieft der Aarbecht ass de Spaass natierlech och net ze kuerz komm an d’Schülerinnen an d’Schüler hate bei schéinem Wieder eng flott Woch mat ville witzege Momenter.