Visitt vun der BNL

D’Kraaft vun de Bicher erliewen: Bei hirer Visitt an der Nationalbibliothéik hunn d'Schüler eng faszinéierend Welt vu Wëssen, Geschicht a Fuerschung entdeckt.

« Vun all de Welten, déi de Mënsch erschaf huet, ass déi vun de Bicher déi Gewaltegst. » (Heinrich Heine)

28.11.2025

Dëst Zitat konnten d’Schüler*innen vun der 3GSO1 den Freideg, 28.11., an eiser impressionanter Nationalbibliothéik op en neits entdecken an erliewen

bnl11
bnl9

Bei enger spannender a ganz informativen Visit hu si net nëmmen de Liessall an de Roude Raum kennengelernt ,an deem si ganz al a wäertvoll Dokumenter däerften gesinn, mee och en Abléck an den Häerzstéck vun der Bibliothéik krit: do wou d’Bicher gelagert, geuerdent an erhalen ginn.

D’Verständnis dovun, wéi eng Bibliothéik funktionéiert, spillt am SCHUS-Unterrecht eng wichteg Roll, besonnesch wann et dorëms geet, déi éischt kleng virwëssenschaftlech Aarbecht ze schreiwen.

E Gebai mat Androckt an eng Bichercollectioun, déi begeeschtert.

E grousse Merci un d’BNL fir déi lieweg an inspiréierend Féierung!

bnl13