Äddi Mier, hallo Erënnerungen: No enger Woch voller Sonn, Waassersport a flotte Momenter huelen d'Schüler onvergiesslech Erliefnisser a nei Frëndschaften mat heem.
Ofschloss
17.10.2025
Äddi Sonn, Mier a vill flott Erënnerungen
All d’Gepäck ass verstaut, zanter 12:35 sëtze mir am Bus. Eis schéin Zäit mat Sonn, Mier a villen Waassersportaktivitéiten geet elo op en Enn.
Zesummen hu mir spannend Deeg erlieft – voller Spaass, Sonn a gudder Laun. Beim Surfen, Stand-up-Paddling oder einfach beim Relaxen um Strand si vill flott Erënnerungen an nei Frëndschaften tëscht de Klassen entstanen.
Mat engem Laachen an e bëssen Heemwee soe mir dem Mier “Äddi” – a huelen eng ganz Rëtsch onvergiesslech Momenter mat heem.🌞🚌🌊






