Staark an der Gruppephase: Eis Proffen hunn de Grupp gewonnen an sech bis an d’Véirelsfinale gespillt – do war leider géint de spéidere Gewënner Schluss.
Zweeten Tournoi um Geesseknäppchen
14.03.2025
Freides de 14. Mäerz hunn d’Proffen aus dem MLG bei engem Futsal Tournoi, organiséiert vum LMRL, an der Staat matgespillt. Gespillt gouf op klengem Terrain 5 géint 5. An der Gruppephase konnten si hiren éischte Match mat 3:1 gewannen. Duerno koum et zu engem 1:1 an zu gudder Läscht nach eng Victoire mat 2:1. Soumat war déi éischt Plaatz am Grupp gesëchert! An der Véirelsfinale kruute sie de Lycée vu Clierf zougeloust, déi deen Owend och den Tournoi gewonne konnten. 2:4 ass et do fir eis Equipe vu Maacher ausgaangen.


