Vum Waasser op de Fiels: Beim Aquathlon an um Block Brill hunn eis Sportler Ausdauer, Geschécklechkeet a Kraaft ënner Beweis gestallt.
…et war ganz waarm mee eis Sportler ware super motivéiert
18.06.2026
Den Alvin an de Leonid hunn sech engem Aquathlon gestallt. Eng Compétitioun déi aus engem Laf a Schwamme besteet. Si missten zu Dikrech 200m an der Schwämm schwammen, also 8 Längten am 25m Bassin. Dun goung et schnell eraus. An enger Zone konnten si hir Schung undoen a Kleeder wiessele bis se dunn prett ware fir 1200m Lafen.




Um Block Brill zu Mamer konnten d’Alexandra, d’Mathilda an den Henrik all hir Klammfähegkeeten ausprobéieren. Iwwer 60 verschidde Bouldervoien konnten déi 3 an der Sonn austesten an hunn nieft 14 aner Lycéeë Punkten an engem Tournoi gesammelt.















