LASEL Beach Handball 2026

Knapp laanscht d’Finall: No spannende Matcher an enger staarker Leeschtung huet eis Beach-Handball-Ekipp sech mat enger verdéngter 5. Plaz belount.

Wie vun iech huet da scho mol eng Kéier Handball am Sand gespillt?

11.06.2026

Mam Alex, Mick, Tim, Liam, Pit, Corrado a Pol si mir op Lamadelaine an de Lycée Beach Handball spille gaang. Mir haten eng gutt Ekipp a goufen och direkt am éischte Match géint de spéidere Gewënner aus dem Sportslycée gefuerdert.

20260611_141650000_iOS 1
20260611_141701000_iOS

Mat enger Defaite an den Tournoi gestart, ass duerno e Remis an eng Victoire komm. Am entscheedende Match hu mir da leider am 7 Meter schéisse géint den LNB knapp verluer an hate Chance op d’Finall verpasst. An eisem läschte Match ëm d’Plaz 5 hu mir dunn awer nach eng Kéier Gas ginn a géint den LMAL 11-7 gewonn.​