Nei Erausfuerderungen ugeholl: Ob am Beachvolleyball oder beim éischten Tetrathlon – eis Schüler hu mat vill Asaz a Motivatioun nei sportlech Erfarunge gesammelt.
…déi eng am Sand, déi aner op der Piste
04.06.2026
D’Lina an Stella waren op Lëntgen Beach Volleyball spillen. Déi Zwee hu virdrun nach ni matenee gespillt, dat huet een awer deen Dag net gemierkt. Mat hire Resultater an der Gruppephase géint 4 aner Lycéeë war et awer esou just net duergaange fir d’Halleffinall.


De Luis an de Leonid waren dann och op hiren éischten Tetrathlon. Déi zwee Sportler wollten dat austesten mee wat ass iwwerhaapt en Tetrathlon? Bei dëser Competitioun mussen Schüler eng Distanz vun 100m sprinten, 800/1000m lafen, Wäitsprong maachen an eng Kugel stoussen.








