LASEL Futsal Cadets 2026

Spannend Matcher zu Diddeleng: Eis Jonge Cadets Futsal-Ekipp huet mat vill Asaz gekämpft, wichteg Erfarunge gesammelt an de Spilldag mat Freed an Teamgeescht ofgeschloss.

gutt gespillt awer leider net weider

05.02.2026

Donneschdes Mëttes si mir mat eiser Jonge Cadets Futsal Ekipp bis op Diddeleng an den LNB gefuer. Gemooss hu mir eis mat 4 aner Lycéeën (LTL, LBV, EEL an LNB) a Matcher vun 10 Minutten an der Hal. Mat offiziellen Arbittere konnte mir ee Match gewannen, ee Match gläich spillen a leider misste mir zwee mol de Kierzeren zéien. Mat vill Freed an ouni Verletzung konnte mir de Wee op Maacher erem op eis huelen. Bei der LASEL puntko Fussball geet et dëst Joer nach weider mat de Jonge bei de Minimes (2012 – 2014) an och bei de Meedercher dobaussen um groussen Terrain.

4