LASEL Hyrox a Futsal Finall 2026

Staark Leeschtungen op ganzer Linn: Eis Hyroxer hu sech duerch usprochsvoll Challenges gekämpft, während eis Fussballer eng impressionant Halleffinall erreecht hunn.

Decken Asaz vum Tristen a Luis beim Hyrox a voll Konzentratioun bei eiser Futsal Ekipp déi no hirer erfollegräicher Qualifikatioun an der Finall stinn.

30.04.2026

Eis zwee Hyroxer missten a verschidde Competitiounen untrieden an hirer Altersklass. Vu Këschten drécken a Wallballs, bis Gewiichter schleefen a Lafe war alles dobäi.

8c1d3a87-de7f-40c7-9c79-021e915b963c
e30a67d4-bbcc-4674-87d2-b844152b5ec5

Eis 9 Fussballer stoungen am LGL an der Stad an der Finall wou si fir d’éischt an der Gruppephase 3 Matcher spille missten. Dat war och ganz gutt gaangen a si konnten sech fir d’Halleffinall qualifizéieren. Do stoung dann de spéidere Gewënner vum Tournoi aus dem Sportslycée géigeniwwer wou mir mat 4:2 verluer hunn. D’Jonge waren awer ganz zefridde mat hirer Leeschtung a mir och. Ënnert dem Stréch steet also eng formidabel 3/4t Plaz aus dem ganze Land do. Gratulatioun!