Nei Kloterseeler un eiser Wand

Sécherheet geet vir: Mat neie Kloterseeler an enger grëndlecher Iwwerpréiwung ass eis Kloterwand nees top equipéiert.

400 Meter

01.03.2026

 Fir d’Sécherheet ze garantéiere gëtt ee mol am Joer eis Kloterwand professionell ënnert Lupp geholl. Dëst Joer war et Zäit eis 19 Kloterseeler ze tauschen. Dofir hu mir bal 400 Meter Seel bestallt an eenzel op déi richteg Längt geschnidden. Duerno missten déi Al mat deenen Neien ausgetosch ginn. Mat Hëllef vu puer staarke Schüler a Proffen hänken se elo alleguerten un eiser Wand.

2