Nei Trikoten, Stickeren a Pins – den MLGator iwwerhëlt!

Neie Look, staark Identitéit: Eise MLGator ass net méi ze iwwersinn – mat frëschem Merch an vill Teamspirit geet et an d’Competitiounen.

16.03.2026

Eisen neie Krokodil ass lues a lues net méi ze iwwersinn zu Maacher am Sport. Mir kruten eng nei Uniform vun der Schoul spendéiert. D’SchülerInne sinn also elo beschtens equipéiert fir op LASEL Competitiounen ze goen. Als klenge awer ganz rare Cadeau, hu mir 200 Stickere vun eisem MLGator maache gelooss. Déi kritt dir just wann dir bei der LASEL matgemaach hutt oder eppes ganz Extraes am Sport geleescht hutt.

5
2

Zu deem ass de Benjamin vun der 4GSN aus dem MLG mat senger Entreprise Dragon R&W op eis duerkomm an huet eis Pins proposéiert ze maachen. Déi kënnt dir dann op der Porte ouverte de 25.04 bei eise Sportsproffe bestaunen.