Trikot Musée an der Sportshal

Eng Rees duerch d’Sportsgeschicht: Mat ale Trikoten, historesche Fotoen a vill Recherche gouf e Stéck Sportsgeschicht vum Maacher Lycée nees zum Liewen erwächt.

Kommt a bestaunt eis Schoul Trikote vun 1969 bis haut. D’Entrée vun eisem klenge Musée am Gank ass och gratis :)​

22.06.2026

Ganz al Trikoten aus dem Maacher Lycée goufen an engem Schaf fonnt an eis Sportsproffe, virun allem den Här Simon, sinn erëm kreativ ginn. No enger laanger Recherche vu puer Wochen, waren d’Informatiounen all gesammelt a beieneen. Fir d’éischt misst rausfonnt gi wéi een Trikot a wéi enge Joer benotzt gouf, duerno si Fotoe gesicht gi wou deemoleg Schüler Trikote wärend dem Sportscours oder der LASEL unhaten.

Titelbild
1

Puer Fotoe waren nach schwaarz/wäiss. Mat Hëllef vun enger KI goufen déi faarweg gemaach. Zum Schluss misst dann nach rausfonnt gi wéi ee Logo de Maacher Lycée zu der Zäit hat.