Volleyball-Féiwer um Schoulfest: 28 Ekippen, spannend Matcher a vill Teamspirit hunn eis Volleyballturnéier zu engem richtegen Highlight gemaach.
…iwwer 90 Schüler am Asaz, d’Hal war voll!
09.07.2026
28 Ekippe waren ugemellt fir um Schoulfest op zwee Turnéier géinteneen unzetrieden. Donneschdes Moies hu mir d’Hal mat Teppecher ausgeluecht a mir hunn 8 Terraine fir ze spille preparéiert. Um 10:00 ass de Cycle inférieur komm wou 12 Ekippe géintenee gespillt hunn. D’Gewënner vun dësem Joer heesche Les Mecs Chill. De Bryan, Diego, Pietro a Mil haten all hir Matcher gewonn a konnten sech op hir MLGator Medaile freeën.


Déi aner Ekippen um Podium waren Chilli Cheese Nuggets an Bananen Plecker.
Duerno um 11:00 ass et weider gaange mam Cycle supérieur. 16 Ekippe stounge prett an et gouf a 4 Gruppe géintenee gekämpft. Duerno sinn d’Eliminéirungsronnen ugaangen an zum Schluss konnten eis Jonge vun der Première sech duerchsetzen.




D’Ekipp Mugu mam Julien, Daniel a Mohammad hun den Turnéier gewonn! Op der zweeter Plaz RAARAA an op der drëtter VBLJD. Dat Ganzt war jiddefalls e groussen Erfolleg, et huet no vill Spaass ausgesinn a mir soen all Ekipp merci fir d’Matmaachen!











































