Volleyball fir jiddereen: Stellt är Dreier-Ekipp zesummen, spillt géint aner Schüler – an esouguer géint Proffen – a maacht beim Schoulfest mat!
24.06.2026
Mellt är Ekipp ab elo un!


Donneschdes den 09.07.2026 organiséiere mir um Schoulfest zwee grouss Turnéier am Volleyball. Deen een ass fir Ekippen aus dem Cycle inférieur an deen aner fir déi aus dem Cycle supérieur.
Gespillt gëtt 3 géint 3 an dir dierft 1 Auswiesselspiller(in) zousätzlech nach dobäi hunn. Jongen a Meedercher kënne gemëscht sinn a Klassen och. Spillt also mat äre Frënn a Frëndinnen aus der Schoul!
Wéi an enger Ëmfro vun iech Schüler gewënscht, wäert dir och géint puer Proffenekippe spille kënnen. Dat gëtt flott, mëllt är Ekipp ab elo un per QR Code oder bei ärem Sportsproff!
UMELDUNG:
