Sonn, Mier a Sport zu Hyères! ☀️🌊 55 Schülerinnen a Schüler hunn eng onvergiesslech Sportswoch am Süde vu Frankräich erlieft – mat Katamaran, Wandsurfen, Kajak a vill Teamgeescht!
Eng zweet gelonge Sportswoch zu Hyères!
11.10. – 16.10.2026
Vum 11. bis de 16. Oktober 2026 waren eis Klassen 6C1, 6C2, 6G1 a 6G5 mat insgesamt 55 Schülerinnen a Schüler fir hir Sportswoch zu Hyères am Süde vu Frankräich. Eng Woch voller sportlechen Erausfuerderungen, gudder Stëmmung a flotten Erfarungen um an am Mier.



Bei beschtem Wieder a sonnegen 25 Grad iwwer déi ganz Woch, konnten eis Schüler sech a verschiddene Waassersportaarte probéieren. Um Programm stoungen ënner anerem Katamaran, Wandsurfen, Kajak a Stand-up-Paddle. Och mam Vëlo an zu Fouss ass d’Géigend ronderëm Hyères entdeckt ginn. Dobäi waren net nëmmen Ausdauer a Geschécklechkeet gefrot, mee och Courage, Teamgeescht an d’Bereetschaft, sech op Neies anzeloossen.
D’Sonn huet et gutt mat eis gemengt, an déi agreabel Temperaturen hunn déi sportlech Aktivitéiten zu engem richtege Genoss gemaach. Just e bësse méi Wand hätte mir eis fir de Katamaran an d’Wandsurfen nach gewënscht! Dat huet der gudder Laun awer keen Ofbroch gedoen.
Och owes koum keng Langweil op: Bei flotten Spillowenter, engem Quiz an enger animéierter Boom ass vill gelaacht, matgeféiwert an zesumme gefeiert ginn. Sou konnten eis Schüler sech och ausserhalb vun de sportlechen Aktivitéite besser kenneléieren an nei Kontakter knäppen.

Um Enn vun der Woch waren si sech all eens: Dës zweet Sportswoch zu Hyères war e vollen Erfolleg! Mat ville schéinen Erënnerungen, neien Erfarungen an enger gudder Portioun Sonn am Gepäck goung et nees heem. Eng gelonge Woch, déi fir d’Schüler an hir Begleeder bestëmmt nach laang a gudder Erënnerung bleiwe wäert!
























