Eng Erfarung, déi bleift: Mat vill Engagement an Teamgeescht huet VFLORA de Maacher Lycée an der nationaler Finall vu „My first enterprise“ vertrueden.
17.06.2026
D’Gruppe VFLORA (Beatriz, Lisa, Lùcia, Mélissa, Rita) vun der Klass 4GSO1 aus dem Maacher Lycée hat et ënnert déi 12 landesbescht Gruppen an d‘Finall vum Projet vun de Jonken Entrepreneuren « My first enterprise » gepackt. D’Finall huet den 17.06.2026 bei Deloitte Luxembourg um Kierchbierg statt fonnt.


VFLORA huet sech super geschloen an eng flott Präsentatioun gehalen. Och wann et fir si net duer gaang ass fir ënnert déi 3 Beschten landeswäit ze kommen, kennen si stolz op sech sinn.
Et war eng flott Erfarung fir eis Schüler un déi si nach laang wäerten zréck denken. Mir soen op dëser Plaz och jidderengem ee grousse Merci fir d‘Ënnerstëtzung.





