Fairtrade Label

Offiziell Fairtrade-Schoul: De Maacher Lycée dréit elo de Fairtrade-Label a setzt e staarkt Zeeche fir Nohaltegkeet a verantwortungsvolle Konsum.

18.06.2026

Haut gouf dem Maacher Lycée offiziell de Label vu Fairtrade iwwerreecht. Domat si mir vun elo un eng Fairtrade-Schoul a setzen eis dofir an, Fairtrade-Produkter ze ënnerstëtzen an eis Schüler fir dëst wichtegt Thema ze sensibiliséieren.

IMG_9449
IMG_9453

Bei der Iwwerreechung waren ënner anerem de President vu Fairtrade Lëtzebuerg, den Här Zeien, souwéi d’Madamm Sauer vun der Gemeng Maacher dobäi. No der Ried vum President hat de Fairtrade-Comité (besteeënd aus Enseignanten a Schüler) vum Lycée e puer Spiller an e klengen Informatiounsstand organiséiert. Esou konnten d’Schüler op eng aktiv an uspriechend Manéier gewuer ginn, wat Fairtrade bedeit a firwat et och fir eng Schoul wichteg ass, sech dofir anzesetzen.