CELLO StudienInfo am Maacher Lycée

Wat kënnt nom Lycée? 🔎 Studéieren zu Lëtzebuerg oder am Ausland? D'CELLO huet eis Ofschlossschüler iwwer hir Méiglechkeeten informéiert a si op d'40. Studentefoire virbereet.

Image – 2026-10-21T160220.095

Am Kader vun der 40. Studentefoire hunn d’Caroline Haas an de Yannick Bertrand vun der „cellule d’orientation et d’intégration scolaires – CELLO“, d‘Schüler vun allen 1C, 1G an 1TP-Klassen aus dem Maacher Lycée iwwert potentiell Studien informéiert. D’Ziel war de Schüler bewosst ze maachen wéi wichteg et ass sech (fréizäiteg) Gedanken iwwert hier Zukunft ze maachen. D’Schüler kruten Erklärungen zu den diversen Studieméiglechkeeten, den Spezifizitéiten je no Studieland an de Konditiounen fir d‘Studentebourse souwéi de Studenteprêt ze kréien.  

Den 29. an 30. Oktober hunn d’SchülerInnen dann d‘Méiglechkeet sech mei am Détail op der Studentefoire an der Coque ze informéieren (www.studentefoire.lu).