Fréi orientéieren, besser entscheeden: D’Presentatioun vun der CELLO huet d'Schüler dobäi ënnerstëtzt, sech bewosst mat hirer Zukunft a méigleche Studienweeër auserneenzesetzen.
Am Kader der Orientatioun op eise supérieur‘s Klassen, hunn d’Caroline Haas an de Yannick Bertrand vun der „cellule d’orientation et d’intégration scolaires – CELLO“, d‘Schüler vun allen 2C, 2G an 2TP-Klassen aus dem Maacher Lycée iwwert potentiell Studien an haaptsächlech de Site „MengStudien.lu“ informéiert.
D’Ziel war de Schüler bewosst ze maache wéi wichteg et ass sech fréizäiteg Gedanken iwwert hir Zukunft ze maachen.
Fir ofzeschléissen, hunn d’Schüler nach ee Questionnaire ausgefëllt, soudass d’Orientatioun och zukünftegt nach mei gezielt op hir Wënsch kann opgebaut ginn.
