Vun der Bastille bis Versailles: De voyage pédagogique huet Geschicht a Kultur lieweg gemaach – mat villen Andréck, Erfarungen an onvergiessleche Momenter.
Paräis – d‘Stad vun der Léift…oder d’Stad vun de granzege Paräiser, de Muséen, den Touristen, a säit Joren de Nummer 1 Spot fir pädagogesch Ausflich vu lëtzebuerger Schoulklassen.
Och mir, déi zwou 4C-Klassen aus dem Maacher Lycée konnten eis vum 6. bis de 9. Mee am Kader vun engem voyage pédagogique en eegent Bild vun der franséischerHaaptstad maachen.

Begleet vun eise Geschichtsproffen Florentin Mayon an André Ferreira, an eise Konschtproffen Caroline Jacoby a Kathleen Heisbourg war et eis méiglech, méi wéi just den Eiffeltuerm an d’Gare de l’Est ze gesinn, dorënner Plazen déi och e Rapport mat deem hunn, wat mir dëst Joer an der Geschicht léieren, wéi d’Place de la Bastille oder Les Invalides mam Graf vum Napoleon Bonaparte.

Ob mer an de Katakomben nom Robespierre sengem Schädel gesicht hunn, oder dem Louis XIV säi Bett am Schlass Versailles getest hunn, zu Paräis huet een ëmmereppes ze dinn, och wann et just drëms geet, dee nächste McDonald’s ze fannen.
Tëscht Metroen, Monumenter a Muséeën hu mir an deenen Deeg net nëmmen déi franséisch Haaptstad besser kennegeléiert, mee och vill gemeinsam Erfarungegesammelt.
An och, wann eis Schrëttziler fir de ganze Mount schonn no zwee Deeg erreecht waren, war d’Rees op Paräis definitiv all Kilometer wäert.
Text: Charel Schiltz


