Ausstellung „Auf der Suche nach der Wahrheit – Der Journalismus und wir“ @RTL City

Vum Escape Room bis zum Presseauswäis! 📰 Bei hirer Visitt an der RTL City hunn eis Schüler hiert Wëssen iwwer Fake News getest, kniffleg Rätsele geléist a souguer d'Crew vun Eldoradio kennegeléiert.

A Begleedung vum Julia Kallfass an dem Brigitte Laschette hunn d’Schülerinnen a Schüler aus der 5P1 an der 5P2 eng Visitt an der RTL City um Kierchbierg gemaach. Do haten si
d’Geleeënheet, d’Expo „Auf der Suche nach der Wahrheit – Der Journalismus und wir“ ze entdecken a méi iwwert d’Welt vum Journalismus, d’Verbreedung vu Fake News an de
kriteschen Ëmgang mat Informatiounen ze léieren.


U verschiddenen interaktive Statioune konnten d’Schülerinnen a Schüler hiert Wëssen iwwer Fake News testen, Informatiounen hannerfroen an duerch richteg Äntwerte Punkte sammelen.
Dobäi gouf hinne bewosst, wéi wichteg et ass, Informatioune kritesch ze analyséieren an d’Glafwierdegkeet vu verschiddene Quelle richteg anzeschätzen.

7

E besonnescht Erliefnes war den Escape Room, an deem si bannent 25 Minutte kniffleg Aufgaben a Rätselen hu misse léisen, fir der Wourecht op d’Spuer ze kommen. Dobäi waren net nëmmen hiert Wëssen, mee och hir Logik an hir Zesummenaarbecht gefrot.


Zum Ofschloss konnten d’Schülerinnen a Schüler hir gesammelt Punkte benotzen, fir sech
hiren eegene Presseauswäis auszedrécken – eng flott Erënnerung un dës Visitt.

2

Mir soen RTL e grousse Merci fir dës flott an ofwiesslungsräich Erfarung.


E besonnesche Merci geet och nach un d’Crew vun Eldoradio, déi spontan bereet waren op de Schüler hir Froen ze äntweren a mat hinnen e Selfie ze maachen J