DC2IC on Tour

Moies Analyse vun der Accessibilitéit fir Persounen mat Beanträchtegung an der Stad Lëtzebuerg, mëttes geféiert Visitt bei der Fondatioun Pescatore

IMG_2198

De 6. Juli 2026 huet d’Klass DC2IC vum Maacher Lycée zesumme mat hiren Enseignanten d’Stad Lëtzebuerg besicht. D’Zil vum Projet war et, d’Accessibilitéit vun der Haaptstad fir beanträchtegt Persounen z‘ analyséieren. De Parcours huet sech un der traditioneller City Tour orientéiert. D’Schülerinnen an d’Schüler hunn d’Stad entdeckt, Fotoe gemaach an Interviewe gefouert, fir hir Observatiounen ze dokumentéieren. Dobäi si vill positiv, awer och negativ Aspekter vun der Barrièrefräiheet opgefall. Zousätzlech gouf och den ëffentlechen Transport analyséiert.

De 7. Juli 2026 gouf eng Brochure erstallt. Doran sinn d’Resultater vun der Analyse vun der Stad Lëtzebuerg mat Hëllef vun de gemaachte Fotoen an den Interviewe vun de Schülerinnen a Schüler mat de befrote Persoune presentéiert.

Am Laf vum Moien hat d’Klass och d’Geleeënheet, d’Léa Linster an hirer Boutique ze begéinen. Si huet sech bereet erkläert, de Schülerinnen a Schüler en Interview ze ginn. Ausserdeem huet si speziell fir eis hir bekannte Madeleinen gebak, déi mir mat vill Genoss duerfte schmaachen. Dëst war e ganz besonneschen a geschätzte Moment vun eiser Visitt.

IMG_2206
IMG_2227

Nomëttes huet d’Klass d’Fondation Pescatore besicht. Do krute mir d’Geleeënheet, e Bléck „hannert d’Kulissen“ ze werfen. Den Direkter, Patrick Vandenbosch, huet perséinlech eng guidéiert Visitt gemaach an eis interessant Informatiounen iwwer den Alldag an d’Aarbecht am Altersheem vermëttelt. Dobäi konnte mir déi verschidde Raimlechkeeten, d’Zëmmeren an déi verschidden Déngschter entdecken – souwuel am Gebai wéi och dobaussen. Ausserdeem hu mir och déi ugrenzend Résidence Berlaimont besichtegt.

E grousse Merci un den Direkter an un d’ganz Equipe vun der Fondation Pescatore fir dësen interessanten Abléck.
Et war e gelongenen Ofschloss vun engem interessanten Schouljoer. De Projet ass aus eegener Initiativ vun de Schülerinnen a Schüler zesumme mat hiren Enseignanten partizipativ organiséiert ginn an huet hinnen net nëmmen nei Erkenntnisser iwwer d’Barrièrefräiheet, mee och wäertvoll mënschlech a sozial Erfahrunge vermëttelt.