Firmebesichtegung Webasto (DC1ET, DC3ET)

Industrie hautno entdecken: Bei Webasto hunn d'Schüler spannend Ablécker an d’Produktioun an d’Aarbechtswelt vun der Autoindustrie kritt.

25.03.2026

Den 25. Mäerz hunn verschidde Klassen vu den Electro-Technologies vum Maacher Lycée zesumme mat hiren Enseignanten d’Firma Webasto um Potaschbierg besicht. Webasto ass e weltwäite Partner an der Autoindustrie mat méi wéi 50 Standuerter. Zu Lëtzebuerg spezialiséiert sech d’Firma op d’Produktioun vu Glas-Komponenten fir verschidden Autosmodeller.

7b92b722-9f32-4e96-aabb-cf8b5d276414
cb505f76-9d43-42f5-b335-77c54b6bd7b7

D’Schüler kruten en interessanten Abléck an d’Organisatioun vun der Firma, d’Produktiounsschrëtt an d’Aufgaben vun den Apprentien am Betrib. Mir soen der Firma Webasto villmools Merci fir d’Féierung a freeën eis op eng weider gutt Zesummenaarbecht..