Op de Spuere vum Héichwaasser

Léieren an der Realitéit: Bei engem interaktive Projet ronderëm Iwwerschwemmungen hunn d'Schüler praktesch Ablécker kritt an d’Wichtegkeet vu Preventioun a Zesummenaarbecht entdeckt.

Léieren aus der Praxis!

Gëschter hu Septimaner aus dem Iechternacher Lycée an aus dem Maacher Lycée un engem interaktiven Dag ronderëm d’Thematik vun den Iwwerschwemmungen an eiser Regioun deelgeholl.

25.03.2026

Dësen eenzegaartege Projet konnt vun der wäertvoller Ënnerstëtzung vu véier externe Partner profitéieren an huet de Lycéeën erlabt, hir Zesummenaarbecht ze stäerken.

HW7
HW4

Wat hunn eis Schüler erlieft?

Wärend engem Rallye a gemëschte Gruppen hunn si un dëse spannenden Atelieren deelgeholl :

Administration de la gestion de l’eau: Miessung vum Waasserniveau / Duerchfloss a Modelléierung vun Héichwaasser-Evenementer (Expert: Christophe Gilbertz)

Natur- a Geopark Mëllerdall : Presentatioun an Diskussioun vun hydrologeschen an ëmweltbezunnen Aspekter mat Hëllef vun engem Flossmodell (Expertin: Rachel Krier)

Gemeng Iechternach: Presentatioun vun de rezent installéierte Preventiounsmoossnamen, Erklärungen zu Asätz an Noutsituatiounen an zum Krisemanagement. (Expertin: Carole Hartmann)

Regional Geschicht : Historesch Markéierungen an interessant Anekdoten aus der Vergaangenheet. (Expert: Marc Schoellen)

D’Schüler konnten net nëmme vill nei Saache kenneléieren, mee och gesinn, wéi wichteg Zesummenaarbecht, Preventioun, Solidaritéit an Ëmweltbewosstsinn sinn.

E ganz grousse Merci un all d’Partner, déi dëse flotten Dag méiglech gemaach hunn!

HW3