Ab an d’Wildnis: Beim Outdoor Survival Day hunn d'Schüler geléiert, wéi een an der Natur iwwerlieft – mat Feierstee, Ënnerstand a vill Teamgeescht.

Kuerz virun der Summervakanz hunn d’Klasse 7C1 a 7C2 mat hire Regenten, Proffen a Begleeder Mara Cammeraat, Joëlle Hubert, Pascale Modert a Fränk Rollinger nach e flotten „Outdoor Survival Day“ op Ënsber gemaach. D’Schüler a Schülerinnen hu selwer e waasser- a wanddichte Ënnerstand gebaut, fir an der Wildnis iwwerliewe ze kënnen.
Si hunn Kräider a Planzen gewise kritt, déi een iesse kann an och wéi ee Feier mat engem Feierstee mécht. Doniewent hunn si awer och Stockbrout gebak, Kräiderbotter selwer gemaach a Bracelete aus Baambast hiergestallt. Op dem schéine Site um Burfelt direkt beim Stauséi, war awer och bei deene waarmen Temperaturen nach Zäit fir eng Ofkillung am Waasser.

Mir soen dem Centre Nature et Forêt Burfelt e grousse Merci fir déi flott Aktivitéiten.





