American Dream meets Luxembourg: Vun der Skyline vu Chicago bis bei déi lëtzebuergesch Wuerzelen am Wisconsin – eis Schüler hunn op hirer Rees d'USA aus enger ganz neier Perspektiv entdeckt.
Vu Lëtzebuerg op Chicago am Illinois/USA a weider an de Wisconsin – eng Rees voller neier Andréck!
Vu Lëtzebuerg op Chicago am Illinois/USA a weider an de Wisconsin – eng Rees voller neier Andréck!

No dräi Deeg zu Chicago goung et weider an de Wisconsin, wou eis Schülerinnen a Schüler bei Gaaschtfamillje gewunnt hunn. Beim Besuch vun der Cedar Grove-Belgium High School an der Random Lake High School krute si en Abléck an den amerikanesche Schoulalldag a konnten nei Kontakter knäppen. 🏫🤝

Nieft Madison, Milwaukee an dem Lambeau Field zu Green Bay hu mir och de Luxembourg American Cultural Center besicht. Do hunn d’Schülerinnen a Schüler méi iwwer d’Geschicht vu lëtzebuergesche Famillje geléiert, déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert sinn.
Eng Rees voller neier Andréck, flotte Begéinungen a gemeinsamen Erliefnesser, déi nach laang an Erënnerung bleiwe wäerten!









