Visitt Goodyear (DP2MM & DP3MM)

Vun der Ausbildung an d’Praxis: D’Visitt an der Tire Plant huet de Schüler eng konkret Perspektiv op hir méiglech Carrière an der Industrie ginn.

26.01.2026

Den 26.01.26 woren DP2MM an DP3MM mam Här Almeida an der Mme Pelletier op de Colmar Bierg d’Tire Plant vun der Goodyear besichtegen.

Nodeems mir eis d’läscht Schouljoer schon d’Mold Plant ukucken woren, wou d’Formen fir d’Pneuenhiirstellung gemaach gin, woren mir dëst Joer Tire Plant kucken, wou d’Pneuen selwer hiirgestallt gin.

Hei krutten eis angehend Industrie- an Wartungsmechaniker en Abléck an d’Industrie an eng weider méiglech Arbechtsplatz no hiirer vielsäiteger Ausbildung.

20260126_112022