Vum Klassesall an d’Parlament: Workshops, spannend Gespréicher mat Deputéierten an eng guidéiert Visitt hunn de Schüler en authenteschen Abléck an d’Demokratie ginn.
04.06.2026
Am Kader vum EDCIT- an COMON Cours hat d’4GSO2 dës Woch d’Geleeënheet, d’Chamber vun den Deputéierten um Krautmaart ze besichen an un engem flotte Workshop vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) deelzehuelen.
Am Atelier „Meng Chamber“ hunn d’Schülerinnen a Schüler hir eege politesch Parteie gegrënnt, Parteiprogrammer ausgeschafft an sech mat dem Mechanismus vun der parlamentarescher Demokratie vertraut gemaach.



Uschléissend koum et zu enger interessanter Renconter mat den Deputéierten Gilles Baum (DP) a Georges Engel (LSAP). D’Schülerinnen a Schüler konnten eng ganz Rei Froe stellen – vu perséinlechen Erfarungen an der Politik iwwer national politesch Themen bis hin zu hirer Meenung iwwert déi aktuell international Situatioun am Iran, an Israel, an der Ukrain souwéi d’Onrouen an Albanien.
Als Ofschloss vun dësem gelongenen Dag krut d’Klass eng guidéiert Visitt duerch d’Chamber, wou si vill spannend Informatiounen an Erklärungen zu de Lokalitéiten an der Aarbecht vum Parlament kritt huet.
Mir wëllen op dësem Wee dem Gilles Baum an dem Georges Engel e grousse Merci ausdrécken, datt si sech Zäit geholl hunn, fir mat eise Schülerinnen a Schüler an den Austausch ze goen. E grousse Merci geet och un d’Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) fir den interessanten a pedagogesch wäertvollen Atelier.“




