Drauwesuckler @ YouthStart

Vu Maacher op Skopje: Mat hiren nohaltegen „Energy Beans“ hunn d’Drauwesuckler den nationale Concours gewonnen a vertrieden elo Lëtzebuerg op europäeschem Niveau.

D’EduStart-Up „Drauwesuckler“ vertrëtt Lëtzebuerg an Nordmazedonien.

15.05.2026

„Drauwesuckler“ huet de 15. Mee beim nationale Concours vun den EduStart-Ups um SCRIPT a Clause matgemaach an dobäi den éischte Präis mat op Maacher bruet. Si duerfe vum 22.-25. Oktober Lëtzebuerg bei den European YouthStart Awards zu Skopje, Nordmazedonien, vertriede.

Drauwesuckler entwéckelt, produzéiert a verkeeft „Energy Beans“ aus regionalem Drauwejus a setzt dobäi op vegan Zutate souwéi nohalteg Verpackunge. Guarana, Vitaminn C an Zénk sollen de Konsumenten dobäi déi néideg Energie liwwere.

Picture1

Virum Jury hunn d’Polly Fernandez an d’Alexandra Antunes vun der 2C hire Projet a seng Entwécklung gepitcht. Besonnesch gutt ukomm ass déi laang Entwécklungsphas vum Produit:  Iwwer Méint ewech huet d’Ekipp déi aus 11 Schülerinne vun der 2CDG besteet zesumme mam Chimiesproff Paul Gratia nom Prinzip „Trial and Error“  u verschidde Rezepture fir hier Energiebeans gefeilt an de Produit no an no verbessert.

Bei de European YouthStart Awards zu Skopje trëfft Drauwesuckler op Jonker aus aneren europäesche Schülerfirme an hunn d’Méiglechkeet hire Projet op enger internationaler Bühn ze präsentéiere an Erfarungen auszetauschen.

Screenshot 2026-05-28 093459

De Projet EduStart-Up ass Deel vum Projet Sustainable Entrepreneurial Schools an ass dës Joer Woch fir Woch vum Paul Gratia begleet ginn. D’Fabienne Kieffer koordinéiert de Projet op administrativer Ebene.